
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg sinn zwou weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 917.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 1.592 positiv Fäll bei 6.586 Tester. Dës Zuel gouf aus de Grafike geholl, wëll d’Date vun den PCR-Tester sech hei vun deenen aus dem Dagesrapport ënnerscheeden.
43 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert. E Freideg waren et der 1.250, e Samschdeg 299. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 4,96 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 7,62 op 100.000.
Den Ament sinn 68 Persounen hospitaliséiert, dovunner 21 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.075.948 Impf-Dosisse genotzt, 444.414 Leit gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 8.447 aktiv Infektiounen, 95.994 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,32. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.