Vun Dezember 2022 bis Dezember 20231.775 Transporter aus dem Centre Pénitentiaire Uerschterhaff

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 10. Dezember 2022 an dem 31. Dezember 2023 huet d'Police 1.775 Transporter aus dem Centre Pénitentiaire Uerschterhaff (CPU) duerchgefouert.

Wéi d’Police op Nofro hi präziséiert, ass et bei der Majoritéit vun den Transporter drëms gaangen, en Detenu vum Prisong op d’Geriicht ze bréngen. Dat war bei 1.459 vun den Transporter de Fall. Donieft goufen awer och Transporter op aner Plazen, wéi zum Beispill an d’Spidol oder bei den Dokter ze bréngen.

Et hätt een d’Transporter iwwerdeems esou organiséiert an ugepasst, dass dës esou mann Zäit ewéi méiglech am Stau verléieren. Dat virrangegt Zil wier et, d’Sécherheet vun den Transporter ze garantéieren. D’Transporter gi vun der Unité de garde et d’appui opérationnel vun der Police duerchgefouert. D’Beamten, déi am Gefaangenentransport affektéiert sinn, hunn dëst dann och als hir Haaptmissioun.

Iwwerdeems fannen och nach ëmmer Gefaangenentransporter tëscht dem Prisong zu Schraasseg an de Geriichter statt. Hei ass d’Zuel awer däitlech méi kleng ewéi déi vun den Transporter tëscht dem CPU an de Geriichter.

Back to Top
CIM LOGO