
An der Ligaphas vun der Futtball-Champions-League kritt den Titelverdeedeger a franséische Champion PSG et mat Manchester City, Barcelona, Roma, Aston Villa, Galatasaray, Villarreal, S. Bratislava a Como ze dinn.
Aston Villa mam Lëtzebuerger Brian Madjo spillt géint de PSG, Barcelona, Borussia Dortmund, Club Brugge, Fenerbahce, Galatasaray, Viking a Slavia Prag.
Den däitsche Rekordchampion Bayern München kritt et mam englesche Champion Arsenal ze dinn. Donieft spillt ee géint Atlético Madrid, Real Betis, Manchester United, Bodo/Glimt, Lille, Slavia Prag a Viking.
Borussia Dortmund trëfft op Inter Mailand, Arsenal, Rela Betis, Aston Villa, Villarreal, Bodo/Glimt, AEK Athens a Sabah.
Fir de spuenesche Champion FC Barcelona geet et géint Manchester City, PSG, Aston Villa, Sporting, Feyenoord, Galatasaray, Como a Sabah.
Real Madrid trëfft op Inter, Arsenal, PSV, Roma, Leipzig, Shakhtar Donezk, LASK an Athen.
Den englesche Champion Arsenal krut dës Géigner zougeloust: Real Madrid, Bayern München, Borussia Dortmund, Real Betis, Lille, Napoli, Sabah a Slavia Prag.
Liverpool muss géint Atlético Madrid, Inter, Porto, Club Brugge, Villarreal, Fenerbahce, Lens a LASK untrieden.
Den italieenesche Champion Inter Mailand krut an der Ligaphas Liverpool, Real Madrid, Club Brugge, Borussia Dortmund, Shakhtar Donezk, Feyenoord, Stuttgart an S. Bratislava zougeloust.
Den Iwwerbléck vun all de Partië fannt Dir um Site vun der Uefa. De geneeë Spillplang gëtt e Samschdeg publizéiert.
Op RTL kënnt Dir och dës Saison nees d'Champions League live suivéieren.
Spilldag 1: 8.-10. September 2026
Spilldag 2: 13./14. Oktober 2026
Spilldag 3: 20./21. Oktober 2026
Spilldag 4: 3./4. November 2026
Spilldag 5: 24./25. November 2026
Spilldag 6: 8./9. Dezember 2026
Spilldag 7: 19./20. Januar 2027
Spilldag 8: 27. Januar 2027
Playoffs vun der K.-o.-Phas: 16./17. & 23./24. Februar 2027
Aachtelsfinallen: 9./10. & 16./17. Mäerz 2027
Véierelsfinallen: 6./7. & 13./14. Abrëll 2027
Halleffinallen: 27./28. Abrëll & 4./5. Mee 2027
Finall: 5. Juni 2027 zu Madrid
All Veräin spillt an der Ligaphas véier Heem- a véier Auswäertsmatcher géint aacht verschidde Géigner - aus all Lousdëppen zwee. Déi 36 Veräiner ginn an enger Tabell gefouert. Nodeems jidderee seng aacht Matcher gespillt huet, qualifizéiere sech d'Veräiner op de Plazen eent bis aacht direkt fir d'Aachtelsfinallen. D'Ekippen op de Plazen néng bis 24 spillen eng Playoff-Ronn, wärend d'Ekippen op de Plaze 24 bis 36 eliminéiert sinn.
Et réckelt keng Ekipp méi no an d'Europa League, respektiv d'Conference League.
D'K.o.-Phas fänkt net méi mat den Aachtelsfinallen un, ma mat enger Playoff-Ronn vun den Ekippen op de Plazen néng bis 24. Dobäi sinn d'Plazen néng bis 16 gesat, dat heescht, dës Teams spille géint d'Ekippen op de Plaze 17 bis 24. D'Playoff-Dueller ginn ausgeloust.
D'Gewënner vun de Playoff-Dueller treffen dann an den Aachtelsfinallen op déi scho qualifizéiert Ekippen. Och déi Matcher ginn ausgeloust, a bei der Auslousung vun den Aachtelsfinalle gëtt och de Rescht vum Tournoi bestëmmt.
All d'K.o.-Dueller ginn am gewinnte Modus mat Allers- a Retourmatcher gespillt.