Auto op der Kopp1 Blesséierte bei Accident zu Rolleng

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 5 Blesséierter bei Accidenter um Mëttwoch, zwee dovunner waren an der Géigend vu Miersch.
© Domingos Oliveira

Kuerz viru 16 Auer ass eng Automobilistin zu Rolleng an der Rue de Larochette an e Bam gerannt, nodeems si d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer hat. Doropshin huet sech den Auto iwwerschloen. D'Fra gouf bei der Kollisioun blesséiert, soll awer éischten Informatiounen no keng uerg Blessuren dovu gedroen hunn. Si gouf an d'Spidol bruecht.

© Domingos Oliveira

Um CR102 tëscht Miersch a Schëndels krute sech e Moto an en Auto ze paken. De Bilan war hei 1 Blesséierten.

Zu Dikrech am Bamerdall gouf e Mëttwoch de Mëtteg e Foussgänger ugestouss. Eng Automobilistin hat e stationéiert Gefier iwwersinn, dat virun enger Garagenafaart an zum Deel op der Strooss stoung. De geparkten Auto gouf bei der Kollisioun no vir gedréckt an de Mann, dee kuerz virdrun aus dem Won erausgeklommen ass, blesséiert. 2 Weider Autoe goufen dobäi beschiedegt.

Zu Esch sinn an der Rue du Stade 2 Autoen net laanschtenee komm, dobäi gouf 1 Persoun verwonnt.

E weideren Accident huet de CGDIS um CR119 Stafelter a Richtung Eesebuer gemellt. Och hei gouf et 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO