
Wéi d’Police schreift, war den Accident op der Héicht vum Rond-point Tinnesbruch um Mierscherbierg. Den Automobilist hat d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, ass an e Luuchtepotto gerannt a koum am Rond-point un d’Halen.
De Samus-Noutdokter huet sech ëm eng blesséiert Persoun musse këmmeren. Donieft waren och nach d’Pompjeeë vu Miersch a Colmer-Bierg am Asaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Lëntgen.
Den Automobilist huet dann och eng Alkoholkontroll musse maachen, déi positiv ausgefall ass. Dobäi koum dann och nach, dass e kee valabele Fürerschäin hat. Et gouf eng Plainte gemaach.