Police vun Tréier geet vu Gewaltdot ausLäich vu vermësster Studentin an hirer Wunneng fonnt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Uni Tréier an och d'Police selwer matdeelen, geet een dovunner aus, datt d'Fra ëmbruecht gouf.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Den 19. Juli hat eng Mamm hir 29 Joer al Duechter bei der Police vun Tréier als vermësst gemellt. D'Police huet Ermëttlungen opgeholl an no der Fra gesicht. An deem Kader gouf och decidéiert, d'Dier vun hirer Wunneng an der Géigend vun der Nordallee opzebriechen. Dofir waren d'Police, Pompjeeën an d'Rettungsdéngschter op der Plaz. An hirer Wunneng konnten d'Beamten d'Läich fannen.

Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, hätt ee bei der Fra Blessure festgestallt, duerch déi een de Verdacht huet, datt si ëmbruecht gouf. D'Ermëttlungen zu der Doudesursaach, zu den Hannergrënn an zu méigleche Verdächtege lafen op Héichtouren. Weideres kéint een aktuell net soen.

D'Police mécht awer an deem Kader och en Zeienopruff. Et rifft een d'Leit op, déi tëscht e Freideg an e Sonndeg de Mëtteg eppes Verdächteges an der Ëmgéigend vun der Nordallee matkritt hunn oder aner Informatiounen zu dësem Fall hunn, sech bei der Police vun Tréier ënnert dem 0049 651 983 43900 ze mellen.

Universitéit reagéiert

Déi Responsabel vun der Uni Tréier hu sech an engem Schreiwes un hir Communautéit adresséiert an drécken hir Bestierzung an Trauer aus. Et ass schonn den zweete Fall a kuerzer Zäit, datt e Student vun der Uni Tréier duerch Friemawierkung ëm d'Liewe koum. D'Uni deelt och mat, datt een en Donneschdeg den 23. Juli um 12 Auer an der Kapell um Campus II vun der Uni eng Gedenkzeremonie wäert ofhalen. Kondolenzbicher leie vum 22. Juli un am Studihaus an am Staff Club um Campus I wéi och an der Bibliothéik um Campus II aus.

Back to Top
CIM LOGO