Secteur seet Regierung MerciBooster fir den Neibau

Jeannot Ries
Déi 7 konkreete Mesuren, déi d’Logements- a Finanzminister e leschten Donneschdeg presentéiert hunn, wieren de richtege Wee: Et geet jo drëms, den Neibau nees unzekuerbelen
© Jeannot Ries

Déi 7 konkreete Mesuren, déi d’Logements- a Finanzminister e leschten Donneschdeg presentéiert hunn, wieren de richtege Wee! Et geet jo drëms, den Nei-Bau nees unzekuerbelen. Mee weider Upassunge wieren néideg, fir méi ze bauen an der Logementskris Meeschter ze ginn.

Och d’Investisseuren ënnerstëtzen

Wien en Neibau, ob Appartement oder Haus kafe wëll, kritt also verstäerkt mat steierleche Moossnamen ënnert d’Äerm gegraff. Vun der Befreiung vum Enregistrement, wann een no Plang keeft, iwwer méi bëllegen Akt, bis méi Zënssubventioun virop fir jonk Familljen.

De President vun der Federatioun vun de Baufirmen, Roland Kuhn, reagéiert: "Den Amortissement accéléré ass, sous garantie e ganz wichtege Punkt. Dann hu mer d'TVA 8 %, schéngt mer och e ganz wichtege Punkt ze sinn. Et muss een allerdéngs emol den Detail nach e bësse kucken, fir déi vläicht liicht unzepassen. ‘’

Eng Analys, déi de Steve Vermeer, Spriecher vun der Fédération des développeurs immobiliers, deelt: ‘’Déi hei Mesurë sinn haaptsächlech op de private Kaf opgeluecht. Mir hätten natierlech och ons erhofft, dass d’Personne morale berücksichtegt gi wieren, well awer vill Institutiounen, Fondatiounen a Gesellschaften och Immobilie kafen. ‘’

Firwat grad elo dee Pak mat 7 Moossnamen?

Déi lescht 18 bis 20 Méint ass d’Nofro un neie Wunnengen agebrach. Knapps 1.000 d’Joer goufe gebaut. Géingt der eng 4.000 virun dëser Kris. Wou der laut Statec eng 6.500 d’Joer, misste gebaut ginn.
Wat sinn d’Ursaachen? Vill Leit hunn de Rimm ugezunn.

"Also mir mierken zum Beispill beim Eefamilljenhaus, alles wat ëm d'Millioun dréit, dat ass zimmlech de Maximum, wou déi meescht Leit kënnen oder wëlle matgoen. Also dat ass schonn eng Grenz, jo.‘’ sou de Roland Kuhn.

De Serge Vermeer hält och fest, datt de Pouvoir d'achat bei de Leit erofgaangen ass an dass muss ëmgeduecht ginn. Méi kleng Appartementer misste gebaut ginn.

"Méi Stäck erlaben, méi kleng Bauen, wéineg Surfacen. Mee och de Problem, dass mer hautzedaags ganz vill Gemengen hunn, ass dat néideg? Brauche mer esou breet Trapenhaiser? Brauche mer nach all déi restriktiv Normen, déi en Place gesat ginn? Musse mer net méi einfach denken an ëmdenken? Kloer, d'Verhale vum Keefer verännert sech permanent a mir musse kucken deenen entgéint ze kommen an eis dorunner ze adaptéieren."

Wéi de Logement nees méi accessibel maachen?

Jo. Méi kleng, méi séier, anescht Bauen. Am Secteur gi sech den Ament vill Gedanke gemaach.

De Roland Kuhn : "Mir musse wierklech kucken, dass mer prozedural Ännerunge maachen. Souwuel an der Zäit wéi och an der Qualitéit. Dass ee seet, do si verschidde Saachen, wou een einfach misst verbesseren a mir si mat der Fédération des artisans amgaangen, elo eng Opstellung ze maachen, vun all deene Punkten, déi ee kënnt einfach verbesseren, ouni d'Qualitéit ze minderen, fir awer méi gënschteg kënnen ze bauen."

Nees Vertrauen opbauen

Eng Pist ass do ouni Zweiwel eng Reform vun der Garantie d’achèvement, déi am Fall vun der Faillite vun engem Promoteur spillt.

"Fir Vertrauen an d'VEFA ze kréien, brauche mer eng Garantie d'achèvement, déi och eng Garantie d'achèvement ass. An dat ass zimmlech sécher, wat mer an Zukunft brauchen, fir ze kucken, wéi mer dat hikréien. Do soll och den Terrain mat dra sinn. Dat ass eng Garantie. Wann d'Leit eppes kafen an de Promoteur géing defaillant ginn en Cours de route. Dat awer fäerdeg gebaut gëtt.‘’ sou de Roland Kuhn.

U Gespréichsstoff wäert et um nächste Logementsdësch, dee scho geplangt ass net feelen. Mee weider Upassunge wieren néideg, fir méi ze bauen an der Logementskris Meeschter ze ginn.


Weider zum Thema

Am RTL-Interview seet de Finanzminister Gilles Roth, datt ee mat den aktuelle Mesurë de Secteur "booste" wëll a méi Wunnengen op de Maart wëll kréien.

Back to Top
CIM LOGO