Wéinst der ImmigratiounsaffärD'Pirate wëllen, datt de Jean Asselborn an der Chamber befrot gëtt

Marc Hoscheid
Et schéngt awer éischter onwarscheinlech, datt de fréieren LSAP-Minister iwwerhaapt vum Parlament invitéiert gëtt.
© John MACDOUGALL / AFP

Soll de fréieren Accueilsminister Jean Asselborn an déi parlamentaresch Interieurskommissioun geruff ginn, fir do iwwert d'Immigratiounsaffär befrot ze ginn? Wann et de Piraten nogeet, da Jo, ma et schéngt awer éischter onwarscheinlech ze sinn, datt et och sou kënnt.

Immigratiounsaffär: Asselborn soll a Chamber begrot ginn, sou Demande vu Piraten

Et geet bei där Immigratiounsaffär ëm d'Virwërf vun der Korruptioun, Dokumentefälschung, Subventiounsbedruch an d'Aschleise vu Migranten. Et sollen esouwuel falsch Openthalts- wéi och Aarbechtsgeneemegungen ausgestallt gi sinn. De Piraten-Deputéierte Marc Goergen, deen ugefrot huet, datt de Jean Asselborn an d'Chamberkommissioun komme soll, ënnerstellt dem fréiere Minister net, datt hien eppes mat deem kriminelle Verhalen ze doen hat, mee et géing sech awer d'Fro vun der politescher Responsabilitéit stellen.

"Ab wéini iwwerhaapt bekannt war an der viregter Regierung beim Minister, datt iwwerhaapt sou Virfäll do sinn. Well et goufe jo virdru schonn Duerchsichungen, et goufe schonn Denonciatiounen, dat heescht dat Ganzt muss bekannt gewiescht sinn. An dat hei ass jo just d'Spëtzt vum Äisbierg, well et si jo warscheinlech och nach aner Ministère mat dran, wéi mer gesot kruten. Dat heescht hei geet et lo drëm, maximal Transparenz ze schafen."

Wann de Jean Asselborn ee rengt Gewëssen an näischt ze verstoppen hätt, géing e bestëmmt mat Freed an d'Chamber kommen an Erklärungen ofginn, esou de Marc Goergen. Ob de fréieren LSAP-Minister awer iwwerhaapt geruff gëtt, do dierf een een déckt Fragezeichen hannendru maachen. D'Presidentin vun der parlamentarescher Interieurskommissioun, d'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert, verweist drop, datt d'Justiz sech mam Dossier beschäftegt an déi Enquête wéilt een als Chamber net beaflossen. Well d'Parlament lo an d'Summerpaus geet, géing och fréistens am September iwwert d'Demande ofgestëmmt ginn.

Mat Bléck op d'Aarbechtsgeneemegunge seet de Marc Goergen, datt, wann et senger Partei nogoe géing, all d'Leit, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen, vum éischten Dag un d'Recht hätten, enger bezuelter Aarbecht nozegoen.

Et kann een et vläicht bëssi ironesch fannen, datt grad d'Piraten de Fanger bei enger Immigratiounsaffär an d'Wonn leeën, wou d'Affär ronderëm d'Iwwersetzungsapp MALT juristesch nach ëmmer net gekläert ass. Déi App hätt d'Piratepartei am Optrag vum Office national de l'Accueuil, kuerz ONA, entwéckele sollen, mee obwuel Sue gefloss sinn, war d'App ni prett, fir benotzt ze ginn. De Marc Goergen gesäit do awer kee Widdersproch.

"Also éischtens sinn ech et, deen d'Demande gestallt huet an ech hu mam Dossier MALT näischt ze dinn an zweetens wär mir net bekannt, datt iergendeng Pirate korrupt wieren an Dossieren duerchgoe gelooss hu géint Geld."

Am Dossier MALT ass virop deen anere Piraten-Deputéierte Sven Clement viséiert. An d'Demande, fir de Jean Asselborn an d'Chamber ze invitéieren, gouf hien awer net involvéiert.

"Nee ech hunn net de Sven Clement gefrot, ier ech eng Demande maachen, ob ech de Minister Asselborn duerf a meng Kommissioun ruffen."

Dofir géing et och guer kee Grond ginn.

"Ech si Member vun där Kommissioun, dat heescht ech maachen do meng Aarbecht wéi ech dat lo jorelaang gemaach hunn. Ech maachen dat, wat ech fir richteg halen."

Dat gesäit de Sven Clement op Nofro hin d'selwecht. Vun der Affär MALT hunn d'Piraten iwwregens näischt méi héieren, zanter Mëtt d'lescht Joer bekannt gouf, datt den europäesche Parquet knapp 24.000 Euro vun der Partei hire Konte saiséiert hat.

An der Interieurskommissioun vun der Chamber huet den Inneminister Léon Gloden iwwerdeems annoncéiert, datt d'Firma "Resultance" een Audit am Departement vun den Drëttstaatler vun der Direction de l'Immigration maache soll.

Back to Top
CIM LOGO