
Aktuell si 87 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 26 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 976.600 Impf-Dosisse genotzt. 3.882 Leit sinn en Méindeg geimpft ginn.
E Méindeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 56,00 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 21,61 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.