
Am Bouneweger Quartier war kuerz no 18.30 Auer e Foussgänger an der Rue des Trevires vun engem Auto ugestouss ginn. Déi blesséiert Persoun gouf vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.
Zu Esch war et géint 18.48 Auer an der Rue Joseph Kieffer zu enger Kollisioun tëscht zwee Ween komm. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulancieren an d’Pompjeeë vun Esch-Uelzecht waren um Asaz.