
Déi fest Prisongsstrof war gesprach ginn, well de Mann net fir säi Prozess ugetruede war, en Dënschdeg war dat dunn de Fall.
Him a sengem Papp war virgehäit ginn, am August 2011 e Leasing-Auto a Portugal bruecht ze hunn. De Papp hat awer am September Plainte bei der Police zu Déifferdeng gemaach, well den Auto geklaut gi wär. Och der Leasing-Gesellschaft hat de Papp vum Klaue vum Won erzielt. En Dënschdeg huet de Fils eng nei Versioun zum Beschte ginn.
Hie wéilt sech dofir entschëllegen, dass hie gelunn hätt, sot de Mann um Ufank vu senger Depositioun. Hien hätt dee flotten Auto geholl, fir an d'Vakanz ze fueren, dunn awer panikéiert, well de Won e Problem hat an e verstoppt. Wouropshin de President vum Geriicht gefrot huet, firwat hien dann net bei e Garagist goung. Säi Papp hätt gesot, hie géif sech drëms këmmeren, dunn allerdéngs Dommheeten erzielt an den Auto als geklaut gemellt. Si zwee hätte Sträit kritt, mä hien hätt de Papp wëlle schützen, well dee vill finanziell Problemer hat. "Äre Papp huet am Dezember 2013 deklaréiert, den Auto wär a Portugal geklaut ginn. Dir sot am Januar 2014, dass Der Problemer mat Jonken a Portugal hat an den Auto doropshi verschwonne wär. Dir hutt also datselwecht gesot wéi Äre Papp. Hutt Der Iech ofgeschwat?", wollt de Riichter wëssen. "Mir hunn dovu geschwat, jo!", huet de Mann geäntwert, deen awer net beim Abus de confiance wëll matgemaach hunn.
An den Ae vu sengem Affekot huet de Beschëllegten en Dënschdeg d'Kaarten op den Dësch geluecht. Am Ufank hätt hien eng aner Geschicht erzielt, well hie virum Choix stoung, de Papp eranzereiden oder sech selwer. Well hien net gewosst hätt, wat säi Papp aushecke géif, sollt säi Client fräigesprach ginn, sou de Me David Gross, fir deen de Mann wéinst senger Aarbecht net op den 1. Prozess komme konnt. D'Vertriederin vum Parquet huet dogéint vun enger neier Versioun vun de Faite geschwat, de Papp hätt eng aner erzielt. Op eemol géif vun engem technesche Problem vum Gefier rieds goen. De Papp hätt awer ni sou een ernimmt. Déi ganz Geschicht wär konstruéiert an et sollt dofir ee Joer Prisong mat Sursis gesprach ginn.
D'Uerteel ass fir den 11. Juli.