En Dënschdeg de Moien um 9 Auer ass de Joseph mat der Air Rescue zeréck a Frankräich rapatriéiert ginn.
1. Patient aus dem Grand Est gouf heemgeflunn
No 23 Deeg am Centre Hospitalier du Nord ass um Dënschdeg de Moien den 1. Patient zeréck a Frankräich geflu ginn.
De Mann vu 57 Joer, deen uerg um Covid-19 erkrankt war, war no 3 Deeg an enger Klinick a Frankräich den 23. Mäerz an d'Ettelbrécker Klinick ageliwwert ginn. Bis den 8. Abrëll louch de Mann op der Intensivstatioun. Op Gréngen Donneschdeg, den 9. Abrëll koum hien dunn op déi Normalisatioun. De Mann ass elo vum Covid-19 geheelt. Um Dënschdeg gouf hien zeréck a Frankräich rapatriéiert, wou hie sech am Hôpital Pasteur zu Colmar weider vum Coronavirus wäert erhuelen.