Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, 537 Positiver bei 5.509 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 897 läit.
© RTL

Aktuell sinn 79 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 24 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 991.714 Impf-Dosisse genotzt. 8.018 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn.

En Mëttwoch louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 144,37 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 55,51 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO