Am Lokalen1 schwéier Blesséierte bei engem Brand

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch koum et zu 2 Accidenter souwéi 2 Bränn a Wunnhaiser. Donieft gouf e Mann beklaut, et goufen 5 Abréch an 3 Automobilisten hunn de Permis ofginn.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Zu Boufer koum géint 18.30 Auer an der Route de Luxembourg zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf liicht blesséiert. Op der Plaz waren de Rettungsdéngscht aus der Stad an de CIS vu Luerenzweiler.

Um RN12 tëscht Eschduerf an der Hierheck huet sech géint 23.30 Auer een Auto iwwerschloen. Och hei gouf et ee Blesséierten. De Samu souwéi d’Rettungsdéngschter vu Wolz, Rammerech an Alebesch waren am Asaz.

Bränn

Zu Beyren an der Rue Fuert huet et géint 17.30 Auer an enger Kummer gebrannt. Dobäi gouf eng Persoun liicht blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Mäertert, Kanech a Fluessweiler waren op der Plaz.

E weider Brand gouf et zu Diddeleng an der Rue Karl Marx géint 20.45 Auer. Wéi een e Feier am Kaméin umaache wollt, koum et zu enger “Verpuffung”, woubäi eng Persoun schwéier verbrannt gouf. De Brand an der Stuff konnt séier geläscht ginn, déi blesséiert Persoun koum no enger Éischtversuergung an d’Spidol. Am Asaz waren de Samu, d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng an de CIS Beetebuerg.

Iwwerfall

E jonken Mann gouf e Mëttwochowend géint 8.45 Auer an der Stad brutal iwwerfall. An der Rue de la Poste um Aldringer sinn e puer Persounen op d‘Affer duerkomm an hunn op franséisch no e puer Mënz gefrot. Direkt duerno hunn déi presuméiert Täter de jonke Mann geschloen an him säin Handy a seng Kopfhörer geklaut. D‘Persoune wieren ongeféiert am Alter tëscht 17 an 18 Joer gewiescht, donkel gekleet an sinn du Richtung Hamilius - Boulevard Royal fortgelaf.

Abréch

Tëscht dem Mëttwoch Nomëtteg an Donneschdegmoien goufe véier Abréch a Wunnhaiser gemellt. Dat zu Diddeleng, um Cents, am Neiduerf an zu Beggen. Am Pafendall gouf an e Restaurant agebrach.

Ënner Alkoholafloss gefuer

Am Laf vun der Nuecht gouf da bei 3 Automobilisten en ze héijen Alkoholafloss festgestallt. Dat zu Hollerech, Mamer an Ëlwen. Dräi Mol gouf de Permis agezunn.

Back to Top
CIM LOGO