Zeienopruff1 schwéier Blesséierten op der Streck Groussbus-Viichten

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie géint 7.20 Auer ass um CR 306 tëscht Groussbus a Viichten een Auto no engem Bal-Accident an e Bam gerannt.

Zwee Ween, déi sech entgéintkoumen, hate sech mat de Säitespigelen ze pake kritt. Ee vun de Gefierer koum vun der Strooss of a krut e Bam ze paken. De Chauffer gouf schwéier blesséiert.

D'Police sicht elo no Zeien, virop nom Chauffer vun engem däischtere Won, deen deen Ament do ënnerwee war.

Hie oder si soll sech bei der Police Turelbaach um Tel. 244851000 mellen.

Beim Accident goufen alles an allem zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren de CIS Ettelbréck, de CIS Groussbus, de CIS Préizerdaul, de Samu an d'Ambulanze vun Ettelbréck a Réiden.

Zu Diddeleng an der Lëtzebuerger Strooss war an der Nuecht op e Freideg géint 2 Auer ee Chauffeur mat sengem Gefier an ee geparkten Auto gerannt. Wéi den 112 de Freideg de Moie mellt, gouf eng Persoun blesséiert.

Ee Blesséierte gouf et och bei engem Kichebrand en Donneschdeg den Owend an der Rue Engelbert Neveu zu Hamm.

Géint 22.40 Auer war tëscht Réimech a Bech-Maacher eng Camionnette a Brand geroden. Et ass kengem eppes geschitt.

Zu Huewel hat et en Donneschdeg den Owend kuerz no 19.30 Auer ee Kamäibrand ginn an zu Esch an der Rue Barbourg war an engem Hangar Offall a Brand geroden a schlussendlech stounge géint 19.30 Auer en Donneschdeg den Owend op engem Haff um Scheedgen Hecken a Flamen.

Back to Top
CIM LOGO