
Quasi d'Confirmatioun vum 1. Uerteel, mat awer manner Sursis mat Oploe bei der Prisongsstrof: Dat huet de Vertrieder vum Parquet général op der Cour d'appel an der Stad am Prozess géint eng Fra gefrot, déi sech wéinst Abus de faiblesse ze veräntweren hat.
Um Dikrecher Geriicht war d'Fra dowéinst am Januar zu 30 Méint Prisong, d'Halschent dovu fest an déi aner mam Sursis probatoire, veruerteelt ginn. D'Oplo bestoung doran, dass si dem Affer all Mount op d'mannst 1.000 Euro bezilt, en Affer, dat net grad 30.000 Euro Schuedenersatz zougesprach kritt hat.
Et war der Fra virgehäit ginn, tëscht Mäerz an August 2017 zu Klierf en eelere Mann ausgenotzt ze hunn. Si hätt sech ënner anerem en Auto vu ronn 20.000 Euro schenken an eng 610.000 Euro iwwerweise gelooss, fir en Haus zu Wäisswampech. Déi lescht genannten Zomm war saiséiert ginn, d'Affer krut déi Suen zréck.
D'Appeluerteel gëtt den 10. Juli gesprach.