Coronavirus zu Lëtzebuerg1 weider Persoun gestuerwen, vu 409 Tester waren der 56 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 791 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell si 94 Persounen hospitaliséiert, dovunner 37 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.619 aktiv Infektiounen. 62.964 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO