D’LSAP lueft d’CSV-DP-Regierung fir hir Reaktioun op d’Evenementer zu Ceuta. "Se huet net dem Populismus noginn a sech hannert déi spuenesch Regierung gestallt, déi an dëser Kris richteg gehandelt huet", esou den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten am RTL-Interview. Den ADR-Deputéierten Tom Weidig, dee fënnt, Lëtzebuerg hätt de Bréif vun 22 EU-Staate solle mat ënnerschreiwen, well a sengen Ae misst Spuenien "nach eng Schëpp bäileeën". E Resumé vun zwee separaten Telefonsgespréicher mam Yves Cruchten an Tom Weidig.
Fir unzefänken, seet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten: Wat zu Ceuta geschitt ass, wier "eng riseg Tragedie" gewiescht. Et dierf een net vergiessen, datt op d’mannst 75 Leit hiert Liewe verluer hunn. Mat 10.000 Doudeger dëst Joer wier d’Mëttelmier e "Massegraf". Den Tom Weidig, deen ënnersträicht, fir unzefänken, datt vun de 70.000 Leit, déi op Ceuta waren, der nach puer Dausend do sinn.

Den ADR-Deputéierten deelt och net d'Meenung vun CSV, DP an LSAP, datt Spuenien d’Kris gutt geréiert hätt. Spuenien hätt et "net fäerdeg bruecht" eng Baussegrenz vun der EU ze schützen. Obwuel déi spuenesch Autoritéite schonn Informatiounen am Virfeld gehat hätten, wiere 70.000 Leit "erageloss" ginn. Op d’Remark, datt se laanscht d’Schutzmauere geschwomme sinn, ass hien net agaangen. Op déi, datt Ceuta um afrikanesche Kontinent an net am Schengen-Raum ass, äntwert hien: "et ass Deel vun Europa, et ass Deel vun de Baussegrenzen". Sengen Informatiounen no kéint een do eng Asyldemande maachen an aner Rechter hunn.
Den ADR-Deputéierte kritiséiert dann och, datt déi sozialistesch Regierung a Spuenien 1,2 Millioune Migranten tëscht Januar a Juli regulariséiert huet. Dat géing illegal Migratioun belounen a Leit incitéieren, illegal anzewanderen. Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten seet, datt déi allermeescht, déi regulariséiert gi sinn, aus Latäinamerika sinn a scho laang um Aarbechtsmaart. Senger Meenung no dierf een d’Aen net zoumaache virum Fakt, datt d’Gesellschaft méi al gëtt, Leit gebraucht sinn an déi Leit legal Weeër brauchen "fir eben ze verhënneren, datt d’Leit sech op riskéiert Weeër maachen, fir iwwert d’Mëttelmier ze probéieren an d’Europäesch Unioun ze kommen."

D’ADR ass och fir legal Migratioun, mee mat Aarbechtsvisa. Dat hätt mat den Italieener a Portugise ganz gutt geklappt a mat Leit aus Nordafrika. "Mee dat sinn awer aner Leit, déi halt do Ceuta iwwerrannt hunn", esou den Tom Weidig. Leit, déi op d'Universitéit waren, speziell Kompetenzen hunn oder nach bei internationale Firme geschafft hunn, wiere schonn als "Expats" op Lëtzebuerg komm.
De staarke Réckgang vun der illegaler Migratioun an der EU ass dem ADR-Deputéierten no op d’Ofschreckungstaktik vun eenzelen EU-Länner zeréckzeféieren. D’LSAP, déi vermësst besonnesch méi Efforten am Kampf géint d’Schmuggler. Se ass net géint méi Schutz vun de Baussegrenze vun der EU, mee den Yves Cruchten ass allerdéngs kritesch géintiwwer der europäescher Grenzagence Frontex. "Kommt mer vergiessen net, datt d’Dignitéit vum Mënsch, och déi op der Flucht, muss ëmmer respektéiert ginn." Iwwerdeems den Yves Cruchten mam Inneminister Léon Gloden averstan ass, fir méi géint falsch Informatiounen ze ënnerhuelen, warnt den Tom Weidig, datt dat géint aner Meenunge kéint ausgenotzt ginn. Den ADR-Deputéierten hëlt och d’sozial Medien a Schutz, well hie sech vill do informéiert.