Coronavirus zu Lëtzebuerg1 weider Persoun gestuerwen, vun 9.391 Tester waren der 139 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 612 läit.
© RTL

Aktuell si 76 Persounen hospitaliséiert, dovunner 16 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.643 aktiv Infektiounen an 49.807 Persoune gëllen als geheelt.

798 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 331 Leit war déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 24.024 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO