Am Laf vum Donneschdegmoien10 Blesséierter bei Accidenter

RTL Lëtzebuerg
D'Wieder huet en Donneschdeg fir eng Rei Accidenter op eise Stroosse gesuergt. Am Ganzen hat et 8 Mol geknuppt, sou de CGDIS.

Um 5.30 Auer war en Auto tëscht Miersch an dem Tunnel Miersch op der A7 an d’Leitplank gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Miersch a Colmer-Bierg waren op der Plaz.

Géint 6.20 Auer hate sech dann zwee Autoen an der Rue d’Osweiler zu Iechternach ze pake kritt. Hei goufen et zwee Blesséierter. D’Ambulanze vu Mäertert an Iechternacherbréck an d’Pompjeeë vun Iechternach waren am Asaz.

Eng Véierel Stonn drop gouf eng Persoun blesséiert, wéi zu Conter en Auto an de Gruef gefuer ass. D’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vu Mutfert waren op der Plaz.

Géint 7.40 Auer waren zu Ierpeldeng zwee Autoen aneneegerannt. D’Ambulanz vu Wolz war hei op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Kuerz drop war en Auto um CR181 tëscht Stroossen an dem Briddel am Gruef gelant. D’Ambulanz vu Mamer huet sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Da mellt de CGDIS nach zwee weider Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten. Dat um 8.20 Auer zu Beyeren an um 9.15 Auer tëscht Rippweiler an Näerden.

Een Accident mat zwee Blesséierte gouf et dann nach um CR126 tëscht dem Stafelter an dem Waldhaff. En Auto war hei géint 11.15 Auer an e Bam gerannt. Eng Spuer war blockéiert.

Back to Top
CIM LOGO