Haut ass dës Schoul op 3 Sitte verdeelt an eng 130 Enseignante si mëttlerweil do am Asaz.
Zanter d'Nationalitéitegesetz am Joer 2017 geännert huet, ass Demande, fir de Lëtzebuerger Sproochentest ze maachen, rasant an d'Luucht gaangen. Vu ronn 1.300 op iwwer 2.000 Leit, déi op dës Manéier d'Lëtzebuerger d'Nationalitéit kréie wëllen.
Virun allem d‘Lëtzebuerger Sprooch kennt e groussen Opschwong.
2 Kompetenze ginn bei dësem Test gepréift: schwätzen a lauschteren. Beim Schwätze muss ee sech op engem Niveau A2 kënnen ausdrécken a beim Héieren ass een Niveau B2 gefrot, esou d'Directrice vum INL Karin Pundel.
D'Jacqueline Messerich ass Lëtzebuergesch Proff am INL. Hir Schüler, erwuesse Leit, sinn am 2. Joer. D'Zil ass et, dass si d'Sprooch schwätze léieren. Dat geschitt progressiv. D'Schüler kréien dofir ee gewëssene Vocabulaire bäibruecht an och Strukturen, wéi se da mat deem Vocabulaire kënnen ëmgoen. Fir datt d'Leit dann och wierklech d'Sprooch schwätze léieren, ass de Cours ganz praktesch ausgeriicht, sou Jacqueline Messerich.
Verschidde Schüler am INL striewen den Zertifikat "Lëtzebuergesch als Friemsprooch" un. Dacks sinn dat Leit, déi sech iwwer dëse Wee integréiere wëllen.
Iwwer d'Halschent vun de Kandidaten, déi sech den Examen d'lescht Schouljoer gestallt hunn, hunn dësen och gepackt. D'Course fonctionnéieren nom Semesterprinzip. Am Hierscht an am Fréijoer.