
En Donneschdeg gouf um Dikrecher Geriicht d'Urteel an där Affär gesprach.
Den 83 Joer alen Täter krut wéinst versichtem Doudschlag 10 Joer Prisong, dovunner der 6 op Sursis. De Parquet hat 20 Joer Prisong wéinst versichtem Mord gefrot.
D'Affer hat iwwerlieft, an zu de Sursis-Conditiounen gehéiert ënnert anerem, dass den Täter hie 5 Joer laang entschiedege muss.
Schéisserei zu Näertrech, 1 Persoun schwéier blesséiert (27. Oktober 2019)