
Eng 80 Stëftunge goufen an där Zäit gegrënnt an domadder iwwer 200 Milliounen Euro un Engagementer fir Projeten a ganz verschiddene Beräicher: Soziales, Kultur, Fuerschung an Ëmwelt.
Haut wär d'Philanthropie iwwerall en Thema, virun 10 Joer wär dat nach net esou gewiescht, huet um Dënschdeg de Moien d'Direktesch Tonika Hirdman op enger Pressekonferenz erkläert. Duerch d'Fondation de Luxembourg wär et elo méi einfach ginn, fir Stëftungen ze grënnen. Et hätt ee sech professionaliséiert an och d'Lëtzebuerger Finanzplaz hätt duerch d'Fondatioun méi ee mënschlecht Gesiicht kritt.
47% ginn a Projeten an Europa investéiert, dovunner 22% hei am Grand-Duché. Ronn 45% an Afrika, ongeféier 5% an Südamerika a ronn 2,5% an Asien.