Tëschent Chrëschtnech an der Fiels10 Pompjeescorpsen am Asaz wéinst Brand op engem Feld, kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Tëschent Chrëschtnech an der Fiels waren e Sonndeg am spéiden Nomëtten 10 Pompjeescorpse wéinst engem Brand op engem Feld am Asaz.
© Ketty a Rom Hankes (Archiv)

Et ass awer kengem Mënsch eppes geschitt. D’Pompjeeë vu Waldbëlleg, der Fiels, Noumer, Beefort, Lëntgen, Fëschbech, Miedernach, Iermsdref, Bettenduerf a Colmer waren op der Plaz, grad wéi e Grupp, fir Déieren ze retten. Och zu Beyren an zu Mäerzeg waren d’Pompjeeë wéinst Bränn am Asaz e Sonndeg den Owend, Blesséierter gouf et keng.

Zu Nidderfeele gouf et e Sonndeg géint 17.30 Auer en Accident tëschent 2 Autoen, eng Persoun gouf do blesséiert.

E Méindeg de Moien da géint 6 Auer ass op der A7 an Direktioun Fridhaff tëscht Miersch an dem Mierscherbierg en Auto an d’Leitplanke gerannt. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Géint 7.50 Auer e Méindeg de Moie gouf et op der A4 a Richtung Stad tëscht Lalleng a Féiz eng Kollisioun mat zwee Gefierer. Hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO