
Domat goufen et 2023 substantiell méi Kontrollen ewéi 2022, wou et der nach eng 7.000 waren.
Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vun der Landwirtschaftsministesch a vum Aarbechtsminister op eng parlamentaresch Fro vun den ADR-Deputéierten Alexandra Schoos a Jeff Engelen ervir. Béid Deputéiert wollten an hirer Fro virun allem wëssen, wéi dacks d’ITM speziell bei Wënzer am Asaz war.
Wéi d’Ministeren Hansen a Mischo erkläert hunn, hätt et bei de ronn 250 Wënzerbetriber hei am Land wärend der Lies 36 Kontrolle ginn. An 10 Fäll goufen dobäi Verstéiss festgestallt, sou datt déi betraffe Wënzer am Ganzen hu misse ronn 44.500 Euro bezuelen.
Wéi d’Ministesch an de Minister weider erklären, hätt et sécherlech och Fäll ginn, an deene sanktionéiert gouf, well d’Wënzer sech net mat der Legislatioun auskannt hunn. Dowéinst wéilt een d’Prozedur, fir Hëllefsaarbechter am Wäin-, Uebst- a Geméisbau ze rekrutéieren, vereinfachen.