
Bannent de leschten 24 Stonne goufe 2.305 Tester gemaach, dovunner waren der 107 positiv. Den Ament si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner néng Patienten op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 1.160 aktiv Infektiounen, 76.331 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze gouf bis ewell 786.645 Impfunge genotzt, 405.343 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.