
Och an den Alters- a Fleegeheemer klammen d’Infektiounszuele staark. Am Moment gëtt et an de verschiddenen Haiser am Ganzen 108 Covid-Infektiounen. Dat sinn der méi ewéi duebel souvill, wéi d’lescht Woch. 22 Haiser si betraff.
Déi meescht Leit wiere geboost an hätte kee schwéiere Verlaf, heescht et weider vun der DP-Ministesch. 5 Persoune wieren hospitaliséiert. An deen Alters- oder Fleegeheemer gëllt den 3G+ fir Visiteuren, dat heescht, et muss e Schnelltest gemaach ginn, wann een era wëll.