
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 108 positiv geteste Patienten zënter en Donneschdeg.
D'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ass ëm 2 Persoune geklommen a läit elo bei 54, d'Altersmediane läit bei 87 Joer.
Vun den 3.223 positiv geteste Persoune sinn 2.644 Residenten a 579 Non-Residenten.
Am Moment leien 244 Persounen, déi infizéiert goufen, am Spidol, dovunner 42 op der Intensivstatioun.
Zanter dem Ufank vun der Kris goufe 28.273 Tester gemaach.
