Nei Lëtzebuerger11.904 Persounen hunn 2023 d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt

RTL Lëtzebuerg
5.773 Leit kruten d'Nationalitéit iwwer Optioun, 4.932 iwwert de Recouvrement an 1.199 iwwert d'Naturalisatioun.
© AFP

Kuckt ee sech déi plakeg Zuelen un, kommen déi meeschten “Nei Lëtzebuerger” aus dem leschte Joer aus Brasilien. Ganzer 4.404 Persounen aus dem südamerikanesche Land kruten eis Nationalitéit, op den Total gekuckt sinn dat knapp 37 Prozent. D’Plaz Zwee geet u Leit aus Portugal mat 1.237 Persounen. Den Topptrio maachen eis franséisch Nopere perfekt, hei hunn 1.131 Persounen e Lëtzebuerger Pass kritt.

Opfälleg ass dann och nach, datt 936 Amerikaner d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugefrot hunn. Aus eisen zwee aneren Nopeschlänner sinn et der 308 fir Däitschland a 516 fir d’Belsch. Och nach z’erwänen ass, datt 222 Leit aus Russland a 86 aus der Ukrain* se kruten.

PDF: All d'Detailer an der Statistik vum Ministère

Back to Top
CIM LOGO