
Bei den Infektiounen ass et nees eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten zënter e Sonndeg. Dat sinn der elo am Ganzen 3.292.
D'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ass ëm 3 Persoune geklommen a läit elo bei 69 , d'Altersmediane läit bei 85 Joer.
Aktuell sinn 211 Patienten hospitaliséiert, dovun 33 op der Intensivstatioun.
Positiv ass, am Ganzen konnte 467 Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 29.315 Tester gemaach.
