Coronavirus zu Lëtzebuerg11 nei Fäll, 4 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, vun 62 op 66 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten zënter e Samschdeg.

D'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ass ëm 4 Persoune geklommen a läit elo bei 66, d'Altersmediane läit bei 85 Joer.

Aktuell sinn 214 Patienten hospitaliséiert, dovun 31 op der Intensivstatioun.

Positiv ass, am Ganzen konnte 465 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 29.165 Tester gemaach.

Back to Top
CIM LOGO