Coronavirus zu Lëtzebuerg12 nei confirméiert Fäll, 1 weider Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Dat sinn 89 Persounen, déi d'Infektioun net iwwerlieft hunn. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84,5 Joer.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 12 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.741. Vun de confirméierte Fäll sinn der 3.034 Residenten.

© Santé

Vun den 3.741 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.121 geheelt, 531 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

© Santé

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 39.741 Tester gemaach. Zanter e Méindeg waren et der 639 an dovunner waren der 12 positiv.

Aktuell sinn 131 (+10) Patienten hospitaliséiert, 19 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 804 (+14) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO