Dee jéngsten CSV-Deputéierten aus dem Osten, Ricardo Marques, huet sech u schéi Gespréicher erënnert:
"Fir mech war den Néckel eng ganz besonnesch Persoun, well ech sinn de jéngsten Deputéierte vun der CSV a fir mech war et ëmmer ganz besonnesch a wäertvoll mat him ze schwätzen, deen esou e grousse politesche Bagage hat, esou eng grouss Erfarung hat an am Oste vill ënnerwee war an esou den Osten och iwwer Joerzéngte matgepräägt huet.
Den Nicolas Strotz wier dann och ëmmer frou gewiescht, mat deene Jonken am Dialog ze sinn:
"Hie war jonk. Ech mengen den Alter ass dat eent, mee wéi hie sech spiert, ech mengen, wéi ech e kennegeléiert hunn, war en ëmmer bluttjonk. En huet sech ëmmer fir dat interesséiert, wat mir gemaach hunn. An en huet der CSJ, also der Jugendorganisatioun vun der CSV, ëmmer gesot, dass mer heiansdo souguer méi waakreg an eng méi kloer Meenung heiansdo mussen hunn zu verschiddenen Theemen, déi an der Gesellschaft stattfannen."
Och de fréieren CSV-Deputéierte Fernand Boden schwätzt vun engem Frënd, deen elo net méi do wier. Hie war nach reegelméisseg mam Nicolas Strotz a Kontakt:
"Et war e gudde Frënd a mir hu ganz villes zesummen organiséiert. Ech hunn nach virun e puer Deeg mat him geschwat fir eng europäesch Konferenz hei vun den Anciens Députés ze organiséieren. Hie war Sekretär vun der Organisatioun, en huet ganz aktiv matgeschafft, sou war hien: ëmmer hëllefsbereet, engagéiert an en hat ganz vill Frënn a Kolleegen, well d'Leit eeben appreciéiert hunn, datt en sou ënnert de Leit war, datt e sech agesat huet, datt en do war fir d'Leit.