
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 85.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 12 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.723. Vun de confirméierte Fäll sinn der 3.017 Residenten.
Vun den 3.723 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.104 geheelt, 531 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 39.003 Tester gemaach. Zanter e Samschdeg waren et der 489 an dovunner waren der 12 positiv.

Aktuell sinn 146 Patienten hospitaliséiert, 22 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 788 Mënschen d'Spidol nees verloossen a 4 Leit konnten an de leschte 24 Stonnen d'Intensivstatioun verloossen.
