Reaktioun vum Claude Turmes op Stanford-Etüd14,2 Milliarden Euro fir e Lëtzebuerg mat 100% erneierbarer Energie?

RTL Lëtzebuerg
Wéi genee kéint een dat hei zu Lëtzebuerg ëmsetzen? Wat sinn déi konkret Ziler a Contrainten? RTL huet doriwwer mam Energieminister Claude Turmes geschwat.

An enger Etüd vun der Stanford Universitéit hu Fuerscher gerechent, wat et géing kaschten, fir de ganze Grand-Duché mat erneierbarer Energie ze versuergen. 14 Milliarden Euro soll Lëtzebuerg deemno a Wand-, Waasser- a Solarenergie investéieren. En Investissement, dat sech no 4 Joer rentéiere soll.

Wéi genee kéint een dat hei am Land ëmsetzen? Wat sinn déi konkret Ziler a Contrainten? D’Nina Schagen huet mam Energieminister Claude Turmes geschwat.

100% erneierbarer Energie fir Lëtzebuerg - Rep. Nina Schagen

D’Etüd soll weisen, dass et méiglech ass, op eisem Planéit 100 Prozent mat erneierbarer Energie ze funktionéieren. Fir Lëtzebuerg läit de Montant, deen opbruecht misst gi fir dëse Wiessel, bei 14,2 Milliarden Euro.

Et géing een awer, anescht ewéi dat an der Etüd virgesinn ass, net op eng komplett Produktioun um nationalen Niveau hischaffen, ma et wéilt ee sech op eng Zesummenaarbecht mat de Nopeschlänner konzentréieren, esou den Energieminister Claude Turmes: “Mir schaffen an Europa zesummen, fir eng Optimiséierung hinzekréien an déi kréie mir hin doduerch, dass mir dann de Waasserstoff do produzéieren, wou e méi gënschteg ass: a Skandinavien, Norwegen, Schweden oder och a Portugal an a Spuenien. Oder awer mat de grousse Wandanlagen an der Nordsee an am baltesche Mir. De finanziellen Optimum fir déi europäesch Länner ass net, dass all Land honnert Prozent autonom gëtt, mä e wär, dass mir zesumme schaffen a ganz Europa.”

Nieft de 14 Milliarden Euro rechnen d’Fuerscher domat, dass ronn 177 Quadratkilometer Land néideg sinn, fir d’Infrastrukturen opzeriichten. De Minister geet dovun aus, dass de Wiessel och mat manner Suen a manner Surface ze meeschteren ass: “Et ass jo esou, dass mir d‘lescht Joer hei zu Lëtzebuerg 15 Mol méi Solarenergie installéiert hunn wéi nach virun 3 bis 4 Joer. Dat weist, dass mir haut scho besser virukommen op de groussen Diech vun de Baueren an der Industrie awer och op den Diech vun de Familljenhaiser. Mir hu vill méi Demanden, fir Solaranlagen op eenzelen Haiser d‘lescht Joer gehat, wéi jee virdrun.”

Zwar géinge mam komplette Wiessel op erneierbar Energien och Aarbechtsplazen ewechfalen, ma gläichzäiteg géifen awer ronn 16.000 neier geschaaft ginn: “Iwwer déi erneierbar Energië ginn hei zu Lëtzebuerg méi Aarbechtsplaze geschaaft, well een dann Installateure brauch fir Photovoltaik, Isolatiounsfassaden an elektresch Bornen.”

Den Energieminister Claude Turmes betount dann nach, datt een elo méi séier misst viru komme beim Ausbau vu Solar- a Wandenergie awer och bei der Elektromobilitéit misste Progrèse gemaach ginn, grad ewéi beim Ausbau vun de Vëlospisten a bei der Isolatioun vun de Gebaier.

Back to Top
CIM LOGO