
An de leschten 10 Joer krute 14 Dokteren hei am Land hir Zouloossung vum Gesondheetsministère ewechgeholl: dëst waren 10 Suspensiounen a 4 Retraiten.
Betraff waren ënner anerem dräi Generalisten, een ORL, zwee Veterinären, dräi Zänndokteren, een Urolog an dräi Gynekologen.
Wann en Dokter seng Zouloossung verléiert, ass dat dem Gesetz vun 1983 iwwer den Exercice vun den Dokteren no op eng disziplinaresch oder eng penal Sanktioun zeréckzeféieren.
Dokteren, déi baussent der EU an d’Land kommen, an déi hiren Diplom och net an der EU kruten, mussen en Diplom an der medezinescher Grondausbildung an en Diplom an enger medezinescher Spezialisatioun virweisen, déi op Basis vum Gesetz vu 2016 iwwer d‘Unerkenne vu beruffleche Qualifikatiounen unerkannt gi sinn.