Zanter dem 13. September d'lescht Joer, wou déi zwee éischt Fäll vun der Afrikanescher Schwéngspescht bei Etalle, eng 20 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz, festgestallt goufen, goufen 140 Analysen hei am Land gemaach. All waren negativ, sou den Dokter Félix Wildschütz, Direkter vun der Veterinärsinspektioun.
E Bléck op d'Kaart vun der belscher Provënz Lëtzebuerg, an et gëtt ee sech es bewosst, datt do, di aner Säit vum Drot, d’Situatioun eng ganz aner ass. Do gouf et bis virun enger Woch 708 positiv Fäll. Een zu Differt, um Bord vun der belscher Schutzzon.
Sou laang et kee Fall zu Lëtzebuerg gëtt, kann een och nach fräi an de Bësch goen. D’Leit sollen awer d’Hënn un d’Léngt huelen.
Am Fall, wou een e Kadaver vun engem Wëllschwäin am Bësch gesäit: Net upaken an direkt op der Hotline vun der ANF mellen. Hei gëllt d’Nummer 40 22 01 - 666.
Eng Zone blanche laanscht d'belsch-lëtzebuergesch Grenz, wou sämtlech Wëllschwäi kënne geschoss ginn an en 8 km laangen Zonk tëscht Péiteng a Stengefort - dat sinn déi rezentst Mesuren, déi d'Regierung géint d'Propagatioun vun der afrikanescher Schwéngspescht aus der Belsch eriwwer an de Grand-Duché geholl huet.
An eisem Land gouf et bis ewell nach kee Fall, mä d'Landwirtschaft ass alarméiert, an dat aus natierlechem Grond, well am Fall, wou d'afrikanesch Schwéngspescht, kuerz ASP, bei engem Hausschwäin optrëtt, all d'Déieren an deem Betrib gekeult ginn. Do ginn och eng Spärzon vun 3 km an eng Iwwerwaachungszon vun 10 km installéiert, an deenen d'Schwéngsbetriber ënner offiziell Kontroll gestallt ginn. D'Onkäschte fir d'Keule vun de Schwäi géif de Staat droen. Do derbäi kéimen da streng Kontrollen, wat den Transport vu liewege Schwäin tëscht de Betriber respektiv an d'Schluechthaus ugeet.
All dëst präziséieren déi 3 Ministere fir Landwirtschaft, Ëmwelt an Tourissem an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen.
Belsch: 700 vun 2.100 Kadavere positiv
Am Fall, wou d'ASP bei Wëllschwäi géif nogewise ginn, géifen all d'Aktivitéite wéi d'Juegd, d'Bëschaarbechten oder Fräizäitaktivitéiten an der infizéierter Zon verbuede ginn, fir d'Mouvementer vun de Wëllschwäin ze limitéieren - duerno géif et drëms goen, e Maximum vu Wëllschwäin ze schéissen respektiv d'Kadavere vun den Déieren ze fannen an ze testen.
An der Belsch goufe bis ewell eng ronn 2.100 Kadavere getest - iwwer 700 Carcassë ware viropositiv; ronn 60 Wëllschwäi goufen iwwerdeems bei Nuetsjuegde geschoss, déi hei am Land verbuede sinn.
Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell eng 140 Wëllschwäi-Kadaver op den ASP-Virus getest - bis ewell alleguer negativ.
Ob de Virus iwwerdeems iwwer d'Fudder oder och d'Stréi iwwerdroe gëtt, ass nach net gekläert - Etüde lafen, fir dat ze klären, soen d'Ministeren. Si erënneren dann och drun, datt de Virus keng Gefor fir d'mënschlech Gesondheet duerstellt; dat och net am Fall, wa géife kontaminéiert Produkter verziert ginn.
Lëtzebuerg: 4.800 Wëllschwäin d'Joer geschoss
Thema Juegd a Schéissen: D'Ministere soe sech zefridden iwwert d'Messagë vun de Jeeër, datt méi Wëllschwäi solle geschoss ginn - am ganze Land ass dat jo am oppene Flouer 52 Wochen laang an am Bësch 46 Woche laang erlaabt. Et gëllt dann och e minimalen Ofschossplang, dee muss vun de Jeeër erfëllt ginn, sou datt et no uewe keng Limitatioune ginn.
An der Moyenne ginn d'Joer eng ronn 4.800 Wëllschwäin geschoss - dem Ofschossplang no kéinten et der iwwer 1000 méi sinn.
En Donneschdeg setzt de Landwirtschaftsminister Romain Schneider d'Deputéiert an der Agrarkommissioun iwwer d'afrikanesch Schwéngspäscht an d'Bild.