Aus dem PolicebulletinDräi Accidenter ënner Alkoholafloss, dräi Mol de Permis fort

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt dräi Automobilisten, déi e Mëttwoch hu missen de Fürerschäin ofginn, well si gefuer sinn, obwuel si gedronk haten.

Deemno war der Police um fréien Donneschdegowend e staark beschiedegt Gefier op der N15 gemellt ginn. Dëst war an eng Leitplank gerannt an dono weidergefuer. De Won konnt méi spéit an der Duerfstrooss zu Bidscht fonnt ginn. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Permis gouf agezunn.

Géint 19 Auer da gouf der Police nach e Mann an der Rue de Hesperange zu Bouneweg gemellt, dee beim Ausparken an e geparkten Auto geknuppt ass. Och dëse Chauffer war staark alkoholiséiert an huet de Fürerschäi missen ofginn. Donieft huet de Parquet eng Saisie vum Auto ugeuerdent.

Dee selwechten Owend war dann nach e Liwwerwon zu Esch an der Géigend vun der Place de l'Exposition an e puer geparkten Autoe gerannt a weidergefuer. Bei der Kontroll vum Gefier an der Rue Winston Churchill gouf och hei en ze héijen Alkoholpeegel beim Chauffer festgestallt. De Permis gouf agezunn an de Liwwerwon ofgeschleeft.

Back to Top
CIM LOGO