A gutt dräi Wochen ass et nees esou wäit, da verwandelt de Glacis sech nees an dat gréisste Volleksfest am Grand-Duché. D'Schueberfouer ass dëst Joer vum 21. August bis den 9. September. 214 Etablissementer sinn dëst Joer dobäi. D'Stad Lëtzebuerg huet virun der Press en Donneschdeg de Moien och eng Partie Nouveautéite presentéiert. Véier nei Attraktiounen, een neien Iessstand an dräi nei Verkafsstänn. Ganz nei ass zum Beispill eng Achterbunn, déi mat Hëllef vu virtueller Realitéit funktionéiert, mam Numm "DR ARCHIBALD - MASTER OF TIME". De Laurent Schwaller vun der Stad Lëtzebuerg erkläert:
"Den Dr. Archibald ass e Professer, deen ass verschwonnen an d'Visiteure sollen deen da sichen. Dorëm geet et dann op där Attraktioun an da fiert een op engem Weenchen zu zwee mam Brëll ronderëm an da fiert een duerch fantastesch Welten an et erlieft een Aventuren. Dat ass e Geschäft fir d'ganz Famill."
Nei sinn och d'Attraktioune "King Loop" a "Skater". D'Frënn vu méi traditionellen Achterbunnen dierfe sech iwwer de Retour vun der klassescher "Wilde Maus" freeën, wéi et se fir d'lescht virun iwwer zéng Joer op der Fouer gouf. Wat d'Sécherheet ugeet, esou gëtt et keng Ännerungen par rapport zu de leschte Joren. Kontrollen an den Entréeën, wéi et se bei aner Festivitéite gëtt, wieren net virgesinn, esou de Stater DP-Schäffen Patrick Goldschmidt op Nofro vun der Press:
"Mir hunn e Sécherheetskonzept. Mir schaffen enk zesumme mat der Police, mam CGDIS, mat allen Acteuren. Mir si ganz zouversiichtlech, optimistesch, dass mer dat hei net brauchen. A mir wëllen net e Fest maachen, wou d'Leit scho Stonne musse virun der Dier waarden."
Wie Sue wëll spueren, sollt sech nach follgend Datumer am Kalenner markéieren. De 26. August ass Familljendag mat reduzéierte Präisser op de Spiller, den 2. September ass ee weidere Familljendag, des Kéier mat Remisen um Iessen, a wéi gewinnt ginn et och um leschte Fouerdag den 9. September speziell Tariffer.
Nees mat dobäi sinn:
Bei den Iessstänn ass nei:
Bei de Verkafsstänn sinn nei:
E puer wichteg Rendez-vousen erausgepickt:
25. August: Buergermeeschterdag
26. August: Familljendag mat reduzéierte Präisser op de Spiller
27. August: Kinniginnen-Dag
30. August: Fouersonndeg
2. September: Familljendag mat Remisen um Iessen
3. September: Biergerdag
7. September: Braderie
9. September: Leschten Dag a Freedefeier um 22 Auer
Fannt hei de komplette Programm vun der Schueberfouer 2026.