
D‘Zil vun dësen Appeller ass et, perséinlech Informatiounen oder Bankdonnéeë vun de Leit ze kréien oder si dozou ze kréien, Suen z‘iwwerweisen oder Wäertsaachen ofzeginn.
D‘Police betount dowéinst nach eng Kéier, datt weder si nach d‘Justiz oder soss ëffentlech Acteuren esou virginn.
Bei esou Appeller géif et dann och meeschtens esou ausgesinn, wéi wa vun enger Lëtzebuerger Handysnummer oder enger Administratioun géif ugeruff ginn, wat awer net esou ass.
Dowéinst de Rappell, keng perséinlech Informatiounen an Donnéeën un Onbekannter erauszeginn a mësstrauesch ze sinn, wann ee bei esou engem Appell dozou gedrängt gëtt, séier eppes ze maachen. Am Zweiwelsfall anhänken an déi betraffen Institutioun selwer uruffen fir ze kontrolléieren, ob den Appell effektiv vun do koum. Iwwerhaapt soll ee bei esou Appeller einfach direkt anhänken, heescht et nach vun der Police.
Ass awer emol eppes geschitt, soll ee sech da wgl. bei der Police mellen.