Ëmmer méi gliddeg SummerenStater LSAP fuerdert, ëffentleche Raum nei ze notzen

Fanny Kinsch
Den ëffentleche Raum an der Stad muss anescht genotzt ginn - dat géinge besonnesch d'Hëtztwellen dëse Summer weisen, esou d'Stater Sozialisten op enger Pressekonferenz en Donneschdeg de Moien.
© Fanny Kinsch

An der Stad wier ze vill Bëtong, net genuch Schied, net genuch Plaze fir sech opzehalen, an dat wier d'Resultat vu politesche Choixen, esou d'Stater Conseillière an LSAP-Kopresidentin Maxime Miltgen. D'Stad bréicht méi begréngten Diecher a Busarrêten, renaturéiert Flëss an ëffentlech oppe Schwämmen.

“Virun allem dierfen et net nëmme Plaze ginn, déi op Konsum ausgeriicht sinn. Net all Plaz muss eng Terrasse vun engem Café sinn. Et muss och Plaze ginn, wou ee sech einfach ophale kann. Wou Mënschen zesummekommen. Gratis fir jiddereen. Dat ass sozial Kohäsioun, dat ass sozial Gerechtegkeet. Well héichwäerteg ëffentlech Raim reduzéieren Hëtzestress, verbesseren d'Loftqualitéit, stäerken de sozialen Zesummenhalt a maachen d'Stad méi liewenswäert.”

Barcelona, Paräis, Copenhagen, Wien, Utrecht – et géinge vill Beispiller gi vu Stied, déi eng méi nohalteg urbanistesch Approche géingen ëmsetzen. An der Stad Lëtzebuerg wier ënnert anerem fir d’Gaardenausstellung LUGA ze vill de Fokus op temporär Installatioune gesat ginn.

D'Pressekonferenz vun der Stater LSAP war ënner fräiem Himmel um Boulevard Charles Marx op der Gare - eng Plaz, déi der Partei no séier kéint nei amenagéiert ginn. Den Awunner vum Garer Quartier géing nämlech gréngen ëffentleche Raum feele fir sech opzehalen, well den ënneschten Deel vun der Péitruss zanter engem Joer zou ass, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

“Et gëtt schonn eng Bamallee dohannen am Ufank vum Boulevard Marx, déi scho Schied gëtt, a mat e bëssen Imaginatioun kéint een dat weider zéien bis bei d'Stroossbuerger Strooss an heiraus eng flott Plaz maache mat Beem, mat enger Spillplaz, mat enger Plaz, wou d'Leit kéinte mat hiren Hënn spadséiere goen, als temporäre Remplacement vun der ënneschter Péitruss.”

D’Terraine géingen zum gréissten Deel der Stad an dem Staat gehéieren. Aktuell wier d’Plaz éischter problematesch, well se vun Drogendealer géing genotzt ginn. Wann een de Raum urbanistesch anescht géing amenagéieren, kéint een och deem entgéintwierken. D’Bierger misste bei esou engem Projet och mat agebonne ginn.

Iwwerhaapt géing de blo-schwaarze Schäfferot d’Bierger net genuch fir hir Meenung froen, esou de Jeff Van Luijk vun de Stater Sozialisten.

"Roserei, Frustratioun, Onverständnis, dat sinn d'Reaktiounen, déi een an de leschte Wochen an der Press op der Buergermeeschtesch hire Begréngungsplang an op d'Initiativ Mäi Quartier, Meng Plaz liese konnt. Dat hänkt domat zesummen, datt hei an der Stad méi oft laanscht de Bierger, wéi mam Bierger geschwat gëtt. Decisioune gi vun der Iron Lady, oder der Iron Lydie, vun uewen erof dekretéiert am Plaz zesummen ausgeschafft."

Mat Biergerréit, bei deenen d’Leit dem Zoufallsprinzip no ausgewielt ginn, kéint een d’Bierger besser abannen. D’Stater Sozialisten hunn da vill Kritik um Begréngungsplang – et hätt een d’Gefill, e wier nach net ganz fäerdeg gewiescht. Deels wiere Plazen ausgewielt ginn, déi sou wéi sou scho gréng wieren, deels Plazen, bei deene scho kloer wier, dass se an e puer Joer anescht wäerte genotzt ginn.

Bei deenen neie Quartieren, déi aktuell an der Stad geplangt sinn, misst een direkt anescht denken. Gréngfläche missten integréiert ginn an zum Beispill méi Alleeën a méi gréng Spillplaze geplangt ginn, esou den Urbanist a President vun de Stater Sozialisten Olivier Bichel.

“Laangfur, Kuebebierg, Nei Hollerech, Rue Verte, dat sinn alles elo Opportunitéiten, wou d'Stad eis ka weisen, dass se sech un hirem neie Konzept inspiréieren, dass se dat mat erabréngen an och endlech qualitativen ëffentleche Raum, dee fir dat 21. Joerhonnert ugepasst ass, bréngen.”

D’LSAP wier fir méi Densitéit, awer fir méi eng gréng Densitéit.

PDF: Communiqué LSAP

Back to Top
CIM LOGO