
De Mann hat am November 2016 um Zebrasträif bei der Kontrollstatioun zu Sandweiler eng eeler Fra ugestouss; déi war sou uerg blesséiert ginn, dass si 3 Deeg drop gestuerwe war.
Hiren Doud war, enger Autopsie no, op d'Accident zréckzeféieren.
De Veruerteelte vun haut 81 Joer muss 6 Partie-civillen och eppes méi wéi 4.100 € Schuedenersatz bezuelen.