
Net manner wéi 16 Ufroen fir Petitiounen huet déi zoustänneg Chamberkommissioun virleien.
Eng dovu fuerdert eng Reform vum Walrecht.
Eng aner fuerdert e Peage op de Grenzen.
Eng weider Petitioun setzt sech dofir an, dass d'Legislatioun iwwert d'Gréisst vun den Emballagen am Eenzelhandel geännert gëtt.
Ee weidere Petitionnaire fuerdert, dass et misst erlaabt sinn eng Schreckschosspistoul bei sech hunn respektiv Pefferspray.
4 Petitioune beschäftege sech quasi mam selwechten Thema. Eng setzt sech fir ee generellt Verbuet vu privatem Freedefeier an, déi aner fuerdert en allgemengt Verbuet vu Freedefeier am ganze Land. Déi drëtt Petitioun an dem Sënn ass fir ee Verbuet, respektiv méi streng Reglementatioune beim Verkaf an dem Gebrauch vu pyrotechneschem Material wéi Rakéiten a Knupperten an eng véiert Petitioun ass carrement géint all Zort vu Freedefeier.