Corona-Wocheréckbléck16 vun 22 Patienten op der Intensivstatioun waren net geimpft

RTL Lëtzebuerg
D'7-Deeg-Inzidenz vun den Net-Geimpfte louch lescht Woch bei 723,08 op 100.000 Awunner, bei de Leit mat komplettem Impfscheema bei 288,43.

An hirem Wocheréckbléck huet d’Santé festgehalen, dass et bei den Neiinfektiounen eng Hausse vu 5% vun 2.593 op 2.727 gouf. Tëscht dem 13. an dem 19. Dezember goufen zu Lëtzebuerg 30.921 PCR-Tester duerchgefouert. D’Zuel vun den aktiven Infektiounen ass am genannten Zäitraum vu 5.343 op 5.413 geklommen. Mëttlerweil gëllen 90.713 Leit als geheelt. D’Altersmoyenne vun de Persounen, déi sech mam Coronavirus ugestach hunn, läit bei 32,2 Joer.

Lescht Woch sinn 9 Leit zu Lëtzebuerg a Relatioun mam Coronavirus gestuerwen. Si haten an der Moyenne 78 Joer.

Vum 13. bis den 19. Dezember goufen et an de Spideeler zu Lëtzebuerg 58 nei Admissiounen op de Soins normaux (+3), op den Intenstivstatioune waren 22 Better beluecht (-1). D’Altersmoyenne vun de Leit ass vu 56 op 64 an d’Luucht gaangen. Vun den 58 Patienten op de Soins normaux waren der 28 net geimpft, 30 haten dogéint e kompletten Impfscheema. Vun den 22 Patienten op den Intensivstatioune waren der iwwerdeems 16 net vaccinéiert.

Wat d’Educatioun betrëfft, do goufen et méi Fäll an der Vauban Schoul an am Lycée français. 72 Kanner si positiv getest ginn, 28 Klasse ware vun engem sanitären Dispositif betraff. D’Inzidenz ass bei de Kanner bis 14 Joer nach ëmmer am héchste mat 773 Fäll op 100.000 Awunner. Am niddregste bleift se bei de Leit iwwer 75 Joer.

PDF: Retrospektiv vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO