
Dat sinn nëmme puer vun den Aufgaben, déi d’Participante vum Military Challenge dëst Joer misste meeschteren. Et goufen natierlech vill méi Obstakelen um Circuit, esou de Lieutenant Colonel Guillaume Hansen:
“Ongeféier 20 Obstakelen, déi e bëssi aussergewéinlech sinn, an déi net onbedéngt an enger Kasär kënne geüübt ginn.”
Well dës Hindernisser net um alldeegleche Programm vun der Arméi stinn, mussen d’Participante och op de Military Challenge virbereet ginn, erkläert den Dany Papi adjoint Chef de Sport Moniteur:
“Nodeems d’Obstakele festgeluecht goufen, gëtt dofir gesuergt, dass d’Participanten déi néideg Formatioune kréien, fir dës Hindernisser kënnen ze iwwerwannen.”
Nieft der Lëtzebuerger Arméi waren ënner anerem Vertrieder vum CGDIS, der Police, an der Douane dobäi. Awer och Zaldoten aus Frankräich, Däitschland, der Belsch an Holland waren dobäi. Ënnert den 164 Participante waren och 10 Fraen. Fir de Lieutenant Colonel Hansen spigelt dat och déi lues Hausse vu Frae béi der Lëtzebuerger Arméi erëm. Et ass awer net déi éischte Kéier, dass Frae beim Military Challenge matmaachen. Dat war vun Ufank un de Fall. Iwwerdeems ginn och reng Fraenekippen un den Depart.
Gewonne gouf de Military Challenge dëst Joer vun der Ekipp Tango 1, déi sech aus e puer Lëtzebuerger Unitéiten zesummesetzt. An der Moyenne brauch eng Ekipp 3 Stonnen fir de Circuit ze packen.