Et war nämlech Military Challenge an de Regioune Lëlz an Ënsber.
41 Ekippe mat jeeweils 4 Leit hu sech dëst Joer ugemellt, fir de Parcours mat verschiddenen Hindernisser esou séier ewéi méiglech ze bewältegen.
Nieft der Arméi, der Police, der Douane an dem CGDIS waren och auslännesch Ekippen aus der Belsch, Frankräich, Däitschland an Holland un den Depart.