Um Chambersite17 nei Petitiounen, all am Zeeche vun der Corona-Pandemie

RTL Lëtzebuerg
17 nei Petitioune kann ee vun e Freideg un um Internetsite vun der Chamber ënnerschreiwen. An och déi stinn am Zeeche vun der Corona-Pandemie.

D'Regierung, d'Deputéiert an déi ganz Fonction Publique soll op den 13. Mount verzichten. Cannabis soll wärend dem Confinement erlaabt sinn. D'Supermarchéë sollen och no der Kris sonndes zou bleiwen. All Salarié soll déi nächst zwee Joer eng Woch méi Congé kréien, fir sech vun de Restriktiounen z'erhuelen an dat nächst Schouljoer soll schonn den 1. September ufänken, also zwou Wochen éischter.

Dat sinn nëmmen e puer vun de 17 Petitiounen, déi ee bis den 18. Juni ënnerschreiwe kann. Wéi ëmmer gëllt, komme 4.500 Ënnerschrëfte beieneen, muss ëffentlech driwwer debattéiert ginn.

Iwwerbléck vun den neie Petitiounen

Back to Top
CIM LOGO