
D'Petitioun, déi e Referendum iwwert d'Verfassungsreform verlaangt, huet bis zur Deadline 18.579 Ënnerschrëfte gesammelt. D'Presidentin vun der Chamber-Petitiounskommissioun, d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt, geet dovunner aus, datt nächste Mëttwoch d'Resultat offizialiséiert gëtt. Och wann elo nach schrëftlech Ënnerschrëfte kéinten nogereecht ginn, sou ass net dovunner auszegoen, datt een op 25.000 Ënnerschrëfte kéim.
D'CSV hat jo den 20. Oktober an der Chamber ugekënnegt, datt se awer fir e Referendum wier, wann d'Petitioun bis en Dënschdeg 25.000 Ënnerschrëften zesummekritt. Et hätt ee wëllen eng "Ouverture" maachen, mä et géing ee feststellen, datt et keng "grouss Well" gi wier, dofir ass de parlamentaresche Wee, dee Wee, dee mir wëlle goen, sou den CSV-President an Deputéierte Claude Wiseler am RTL-Interview. Och den Deputéierte Michel Wolter sot dat en Dënschdeg de Moien um 100,7, quitt datt hien awer nach ëmmer der Meenung ass, datt d'Wieler solle kënne per Referendum iwwert d'Verfassungsreform entscheeden. Wäert d'CSV dann elo nach emol hir Meenung änneren? De Claude Wiseler seet, d'Fraktioun wier sech am Oktober eens gewiescht, datt wann déi 25.000 Ënnerschrëfte gesammelt ginn e Referendum gefrot gëtt, mä wa se net zesummekommen, "da maache mer dat net". Och wann "deen een oder deen aneren" eng aner Meenung hat, sou wier dat eng "gemeinsam Decisioun" gewiescht, un déi ee sech elo géing halen.
D'ADR bleift dobäi, datt, wann et kee Referendum gëtt, d'Regierungsparteien an d'CSV hir Walversprieche géinge briechen. Den Deputéierte Fernand Kartheiser sot am RTL-Interview, d'CSV wier elo an enger "bosseger" Situatioun: "si mussen elo zu ronn 19.000 Leit soen, 'är Ënnerschrëfte sinn eis net wichteg genuch, fir datt mir eist Walverspriechen halen.'"
Datt d'Petitioun keng 25.000 Ënnerschrëfte gesammelt krut, wier dem Fernand Kartheiser no op e puer Ursaachen zeréckzeféieren. Engersäits wiere vill Leit net informéiert gewiescht. Anerersäits géinge parallel e puer Prozedure lafen, wat d'Leit géing duerchernee maachen. Den ADR-Deputéierte mengt souguer, datt wann d'Petitioun nach puer Deeg gedauert hätt, de Seuil vu 25.000 erreecht gi wier.
E Referendum iwwert d'Verfassungsreform, oder besser gesot 4 Referenden iwwert déi 4 verschidde Kapitele vun der Verfassung, déi reforméiert ginn, dat ass awer nach net komplett ausgeschloss. E Comité d'initiative huet jo mol d'Prozedur lancéiert, fir 25.000 Ënnerschrëfte via d'Gemengen ze sammelen, fir e Referendum iwwert d'Reform vum Kapitel "Justiz" an der Verfassung ze fuerderen. D'Chamber hat an engem éischte Vott den 20. Oktober déi Reform guttgeheescht. Kënnt et net zu engem Referendum, da muss d'Chamber eng zweet Kéier iwwert dat Kapitel ofstëmmen an dat mat enger zwee Drëttel Majoritéit.
Zum Kontext
2019 hat d'CSV hir Positioun geännert, eegenen Aussoen no, well de Premier Xavier Bettel nei Froen iwwert d'Verfassungsreform opgeworf hat a well d'CSV opgrond vum Fichier Central vun der Police an der Datebank vun der Jusitz, Sträit mat der Justiz krut. Observateuren no huet d'CSV hir Positioun awer och geännert, well se no de Wale vun 2018 net an d'Regierungsverantwortung koum.
Doropshin hunn d'Regierungsparteien an d'CSV de Reformprojet vum fréieren CSV-Deputéierte Paul Henri Meyers iwwerschafft an zeréckbehalen, just 4 Kapitelen ofzeänneren. D'Majoritéit an d'CSV soen elo e Referendum wier net méi noutwendeg, well just nach puer Kapitele vun der Verfassung reforméiert ginn a well de Public op Versammlunge consultéiert gi wier.
Am Géigesaz zur ADR sinn déi aner Parteie fir d'Verfassungsännerungen, esou wéi se elo um Dësch leien. Déi Lénk an d'Pirate fuerderen allerdéngs och e Referendum. Zesumme mat der ADR komme se awer just op 8 Deputéiert. 16 wieren der néideg, fir e Referendum erbäi ze zwéngen.