Theater oder Coup de théâtre: d'CSV wäert awer e Referendum iwwert d'Verfassungsrevisioune verlaangen.

Vote Verfassung
CSV awer fir Referendum, wa Petitioun 25.000 Ënnerschrëfte kritt.

Awer nëmmen dann, wann d'Petitioun, déi dat verlaangt méi wéi 25.000 Ënnerschrëfte vu Walberechtegte sammelt, sou den CSV-Deputéierten Claude Wiseler e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber. D'entspriechend Petitioun huet aktuell eng 6.800 Ënnerschrëften an ass bis den 8. November op. Den CSV-Deputéierte Michel Wolter huet op Froe vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hi komplettéiert, datt wann et e Referendum géing ginn, et da besser wier wann d'Bierger eemol iwwert déi 4 Kapitelen, déi ofgeännert ginn, sollen entscheeden an net 4 Mol.

Extrait Michel Wolter

Wat awer d'CSV vun der ADR géing ënnerscheeden, sou de Michel Wolter, dat ass, datt d'CSV bei engem Referendum fir de „Jo“ wier. De Fernand Kartheiser huet d'Ouverture duerch d'CSV e Mëttwoch op jiddwer Fall begréisst.

De LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, deen huet betount, och seng Partei hätt en Ouer fir d'Leit. Allerdéngs huet hien op den Zickzack-Kurs vun der CSV ugespillt an ze bedenke ginn, datt bei der Petitioun, op déi sech d'CSV wëll baséieren, ëm eng Petitioun handelt, wou Leit vu 15 Joer un an och Auslänner, déi eng Sozialversécherung hei am Land hunn, kënne participéieren.

Extrait Mars Di Bartolomeo

Wéi de Referendum mat enger oder 4 Froen oder déi 4 Referendumen organiséiert ginn, bleift also nach ze klären a fir d'alleréischt muss d'Petitioun No. 2007 wéi gesot 25.000 Ënnerschrëfte sammelen.

D'CSV huet e Mëttwoch de Mëtteg dann awer an engem éischte Vott, zesumme mat de Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng, wéi och d'Piraten d'Ofännerunge vum Kapitel “Justiz“ an der Verfassung ugeholl. Well et sech ëm Ännerunge vun der Verfassung handelt, muss den Text fréistens an 3 Méint nach emol mat enger zwee Drëttel Majoritéit ugeholl ginn oder et muss e Referendum organiséiert ginn.

D'ADR, déi Lénk a d’Piraten hunn e Mëttwoch – onofhängeg vun der Petitioun - op en Neits e Referendum gefuerdert. D'Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis huet och kritiséiert, datt d'Informatiounscampagne „iwwert de Knéi gebrach“ gi wier. Trotzdeem hu sech déi Lénk beim Vott enthalen an d'Pirate mat „Jo“ sgestëmmt. D'ADR ass déi eenzeg Partei, déi géint d’Ännerunge gestëmmt huet, notamment well an hiren Aen d'Trennung vu Riichter a Parquet net wäit genuch géing goen.

Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo huet nach emol betount, et géing kee sech engem Referendum an de Wee stellen an huet op d'Gesetz verwisen: 16 Deputéiert oder 25.000 Walberechtegter kënnen d'Regierung obligéieren, een z'organiséieren. De Mars Di Bartolomeo huet iwweregens sech géint falsch Aussoen am Zesummenhang mat de Verfassungsrevisioune gewiert: wien behaapte géing, et géing een d'Auslännerwalrecht zur Hannerdier erbäiféieren, dee géing ganz einfach léien.

Bei den Ofännerungen am Beräich vun der Justiz e Mëttwoch ass et haaptsächlech ëm 3 Saache gaangen. Éischtens gëtt e Conseil national de la Justice geschaaft, deen d'Riichter nominéiere wäert, amplaz wéi elo de Justizministère. Donieft iwwerpréift dee Conseil opgrond vu Reklamatioune vu Leit, ob d'Geriichter richteg funktionéiert hunn, ouni awer sech a Prozesser direkt anzemëschen. Zweetens ginn d'Prinzippien, iwwert wéi Prozesser ze funktionéieren hunn, an d'Verfassung ageschriwwen, notamment d'Impartialitéit, de raisonnabelen Delai an d'Présomption d'innocence. Drëttens gëtt d'Onofhängegkeet vun der Justice constitutionnelle verankert. De Parquet wäert funktionell och onofhängeg sinn, mee de Justizministère behält e generelle „Weisungsrecht“. Ouni sech an d'Opportunitéit vun de Poursuitten anzemëschen, kann d'Exekutive awer weider d'Politique pénale festleeën.

Déi aner Kapitelen, déi an der Verfassung ofgeännert ginn, sinn déi iwwert “Rechter a Fräiheeten“, “Organisatioun vum Staat“ an “Chamber an de Staatsrot“. Et ass net gewosst, wéini den éischte Vott iwwert déi Kapitelen ass. Och net gewosst ass, wéi gesot, ob et e Referendum gëtt oder just en zweete Vott an der Chamber.

Maniff virun der Chamber (Tim Morizet)

Virun der Sëtzung fir de Vott vum éischte Kapitel vun der Verfassungsrevisioun war et iwwerdeems eng gréisser Usammlung u Leit virun der Dier, déi sech haart géint d'Stëmme vum Justiz-Volet manifestéiert hunn. Et fuerdert een de versprachene Referendum, deen 2018 vun de Majoritéitsparteien an der CSV ugekënnegt gi war. Knapp 150 Leit hate sech géint 13.30 Auer versammelt, fir den Deputéiert hir Meenung mat op de Wee ze ginn.

Maniff Referendum
Knapp 150 Leit hate sech géint 13.30 Auer versammelt, fir den Deputéiert hir Meenung mat op de Wee ze ginn.

An dat mat vill Gepäifs a Gejäiz. De Vott haut sollt bis op d'mannst den 8. November no hanne verréckelt ginn – an der Hoffnung, datt eng rezent Petitioun nach Meenungen an der Chamber ännert.

Et ass d'Angscht, datt politesch Ziler sech an eng Verfassung eraschläichen an dat béist Gefill belunn ze ginn.

D'Chantal Reinert fäert eng Verschlechterung vun hire Rechter:

De Referendum ass néideg, fir datt d'Vollek nees dat Recht kritt, wat se huet an, datt se nees kënne matbestëmmen. Et gesäit een elo, datt d'Gambia an d'CSV et elo ouni eis wëlle maachen. Esou wéi se et bis elo gemaach hunn.“

Net alle, mee bei ville Manifestanten ass d'Roserei vum Vott vum neie Covid-Gesetz e Méindeg nach frësch. Eng Rëtsch vun hinne stoungen e Méindeg schonn um Krautmaart. 2 verschidde Sujeten, déi bei ville vermëscht gouf.

De Pit Streveler manifestéiert fir e Referendum.

Wat muss dra stoebleiwen, sinn eis Grondgesetzer. Eis Fräiheet. Déi hu mer aktuell net méi. Mir däerfen néierens méi hin. Ech muss elo jidderengem beweisen, datt ech kee geféierleche Mënsch sinn.“

Eenzeg d'Nathalie Oberweis, Deputéiert vun déi Lénk huet an der Chamber op de Protest virun der Dier opmierksam gemaach – a bedauert, datt net gutt genuch mat dëse Persoune kommunizéiert gi wier, soss géifen dës net hei stoen.

D'Nathalie Oberweis:

Vill Leit wëssen net, wat iwwerhaapt an den Texter steet oder si wëssen et nëmmen zum Deel. Verschiddener mengen eppes ze wëssen oder loosse sech op Piste lackelen, déi ee kritesch hannerfroen oder och kategoresch zeréckweise muss. D'Informatiounscampagne vun de 4 Parteien ass iwwert de Knéi gebrach.“