Petitioun 200718.645 Ënnerschrëfte fir Referendum iwwer Verfassungsreform

RTL Lëtzebuerg
D’Petitioun, déi um Internetsite vun der Chamber e Referendum iwwert d’Verfassung gefuerdert huet, krut um Enn 18.645 Ënnerschrëften.
© RTL Grafik

Dat huet eis d'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Chamber Petitiounskommissioun Nancy Arendt matgedeelt. D'CSV hat beim éischte Vott an der Chamber iwwert d’Revisioun vum Kapitel "Justiz" deklaréiert, datt se géing e Referendum ënnerstëtzen, wann d'Online-Petitioun 25.000 Ënnerschrëfte géing sammelen. Well dat net de Fall ass, wäert d'CSV also kee Referendum froen, hat eis den CSV-Parteipresident Claude Wiseler d'lescht Woch scho gesot.

Parallel zu där méi onkonventioneller Demarche leeft eng Petitioun, fir via d'Gemenge 25.000 Ënnerschrëften ze sammelen. Vun e Freideg un a bis den 20. Dezember kënnen ageschriwwe Wieler déi Petitioun ënnerschreiwen, déi e Referendum iwwert d'Revisioun vum Kapitel "Justiz" fuerdert.

Stand vum 9. November: 18.579 Ënnerschrëfte koume fir Referendum iwwer Verfassungsreform zesummen

Back to Top
CIM LOGO